DÄTSCHLAND GETT ENG DIKTATU

Vun 1933 un hunn an Däitschland d'Nationalsozialisten ( Nazien ) mat hirem Führer Adolf Hitler en Diktatur erriicht. So Waren der Meenung, datt déi Däitsch e bessert Vollek wieren ewéi hir Noperen. Si wollten aner Länner erueweren, an esou Däitschalnd vergréisseren.

...........................
Dikateur

Herrschaft vun enger Persoun, oder engem Grupp vu Leit, déi déi aner
ënnerdrécken an hir Iddie mat Gewalt duerchsetzen


GËTT ET KRICH?

Jiddereen an Europa huet sech op e Krich virbereet, och zu Lëtzebuerg. Well Lëtzebuerg neutral war, an nëmmen eng kleng Fräiwëllegen-Arméi hat, huet eis regierung Frankräich ëm Hëllef gefrot, an Deem Fall, wou Däitschland eis ugräife géif.

..........................................
Fräiwëllegen-Arméi
Alleguer d´Zaldote si fräiwëlleg an der Arméi. Dofir ass dës Arméi méi kleng wéi déijéineg, an där jiddereen, deen z.B. 18 Joer huet, säin déngscht leeschte muss.