D’Monument “Jacques Chauvin”

Den 10. Mee 1940, géint 10 Auer mueres, ass eng Unitéit vu franséische “Spahis” (marokkanesch an algeresch Kämpfer) ënner dem Kommando vum Sous-Lieutnant Jacques Chauvin um Prënzebierg ukomm. Wéi si aus dem Bësch erauskoumen, fir bei d’Ateliere vun der Eisebunn ze goen ass aus däitsche Maschinnegewierer op si geschoss ginn. Méi ewéi 30 Zaldoten, ënner hinnen och de Jacques Chauvin, si gefall.Nom Krich hunn déi Péitenger Scouten op där Plaz, op där de Jacques Chauvin fonnt ginn war, e Monument zu sengen Éieren opgeriicht. Well déi Plaz awer uewen am Hang läit an et schwiereg ass, fir dohinner ze kommen, gouf d’Monument um Fouss vum Bierg nei opgestallt.De Jacques Chauvin ass um Diddelenger Kierfecht begruewen.

Standuert: Péiteng, rue Jacques Chauvin um Bord vum Bësch
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: Rue Prinzenberg um Bord vun der Strooss; Zuch: Gare vu Péiteng (20 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Prënzebierg

Plack “Famill Hahn”

Wéi de Krich ugoung, ass d’Bevëlkerung vun de meeschten Uertschaften aus dem Süde vum Land evakuéiert ginn. Awer net zu Péiteng, wou d’Awunner de Kampfhandlungen, a virun allem de franséische Granaten ausgeliwwert waren. Vill vun hinnen hunn sech a Luftschutzkelleren a Sécherheet bruecht, sou och d’Famill HAHN-MAHNEN. Wéi am Nomëtteg vum 11. Mee e puer Zich an der Gare stoungen, fir d’Awunner ze evakuéieren, huet och d’Famill HAHN sech aus dem Keller ënner der Parkschoul erausgetraut. Deen Ament, wéi si am Haff waren, ass eng franséisch Granat nieft hinnen explodéiert. De François HAHN, seng Fra Marguerite HAHN-MAHNEN an hire Jong vu sechs Joer, de René, sinn déidlech verletzt ginn. Déi aner zwee Kanner goufe schwéier blesséiert.Fir dësen éischte Péitenger zivillen Affer vum 2. Weltkrich ze gedenken, gouf den 11. Mee 2007 eng Plack un der Fassad vun der Parkschoul ubruecht, op der Säit, déi op de Park weist.

Standuert: Péiteng, Haff vun der Schoul, Kierchstrooss
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 3, P 4; Zuch: Gare vu Péiteng (20 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Gemeng oder Maartplaz


Monument “Hyman Josefson”

An de fréie Mueresstonne vum 9. September koumen déi éischt amerikanesch Gefierer vun Athus erfort iwwer d’Grenz. Et huet geschéngt, wéi wann alles ouni Zwëschefall géif erofgoen, awer op der Kräizung bei der Millen ass deen éischte “Panzerspähwagen” vun der Kolonn vun enger däitscher Granat getraff ginn an ass direkt a Flamen opgaang. Ee vun de véier Besatzungsmemberen ass am Gefier gestuerwen. Hie gëllt als deen éischten amerikaneschen Zaldot, dee bei der Befreiung op Lëtzebuerger Buedem gestuerwen ass. Eréischt 1985 gouf bekannt, datt et sech ëm de Kommandant gehandelt huet an datt säin Numm Hyman Josefson war.Dat befreitent Péiteng wollt him en Denkmal opriichten an dofir krut de Claus Cito den Optrag, fir d’Monument ze schafe mat dem Schrëftzuch “Mir vergiessen net”. Dëst Monument gouf de 26.10.1947 ageweit an zënterhier fënnt hei all Joer um 9. September eng Gedenkfeier statt.

Standuert: Péiteng, Kräizung Léngerstrooss a Kierchstrooss
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 1, P2; Zuch: Gare vu Péiteng (20 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Op der Millen

Den “Light Armored Vehicle” M8

1997 huet de Claude KAUFFMANN vum Veräin “Military Vehicles Collectors Luxembourg Greyhounds” an Däitschland e Gefier entdeckt vum gläichen Typ, wéi dat, wat 1944 zu Péiteng verbrannt ass. Mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng an dem Syndicat d’Initiative huet hien an 200 Aarbechtsstonnen den M8 erëm an d’Rei gesat. 1999 gouf en nieft dem Monument fir den Hyman Josefson opgestallt ier en 2022 eriwwer bei d’Millen deplacéiert gouf.Et handelt sech hei ëm e liichtgepanzert Opklärungsgefier, dat séier a beweeglech war wéi säin Numm  “Greyhound” (Wandhond) et seet, mee et war net gebaut fir Kanounebeschoss auszehalen. Vill vun den 8 634 M8, déi tëschent 1943-1945 gebaut goufen, sinn zerstéiert ginn, mee e puer vun hinnen sinn haut nach a verschiddenen Arméien am Asaz.

Standuert: Péiteng, Kräizung Léngerstrooss a Kierchstrooss, virum Centre WAX
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 1, P2; Zuch: Gare vu Péiteng (20 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Op der Millen


Plack zu Éiere vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten

1941 huet de Gauleiter SIMON de “Reichsarbeitsdienst” fir all Jongen a Meedercher vu 17 bis 25 Joer agefouert. 1942 ass de “Wehrdienst” fir all Jonge vun de Joergäng 1920-1924 agefouert ginn. Dëse gouf spéider och op d’Joergäng 1925 an -26 ausgeweit. Doduerch goufe ronn 20 000 Lëtzebuerger zu Zwangsrekrutéierten. Nom Krich hu si sech an engem Verband zesummegeschloss an hu fir hir Unerkennung als Opfer vum Nazismus gekämpft.Den 10. Mee 1970 hat d’Sektioun vun de Péitenger Zwangsrekrutéierten den éischten “Dag vun der Lëtzebuerger Solidaritéit” organiséiert. Dobäi gouf a Präsenz vum Groussherzog JEAN a vum Staatsminister Pierre WERNER eng Gedenkplack aus der Géisserei vun Dummeldeng, bei der deemoleger Entrée vum Stadhaus ageweit. Beim Ëmbau vun der Plaz gouf d’Plack op de “Square Victimes du Nazisme”, nieft dem neien Stadhausagank, verluecht.

Standuert: Péiteng, nieft dem Stadhaus, am Agank vum Park Théophile Kirsch, Kierchstrooss
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 6; Zuch: Gare vu Péiteng (8 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Gemeng oder Maartplaz

D’”Borne du Passeur”

Wärend der Besatzungszäit hu vill Leit missen eist Land verloossen, fir hiert Liewen ze retten. Si ware Resistenzler, virun allem awer jonk Männer, déi net an déi däitsch Arméi wollte goen: Refraktären an Deserteuren. Couragéiert Männer a Fraen, Passeure genannt, hu si ënner Liewensgefor op geheime Weeër iwwer déi streng bewaachte Grenze gefouert. Op der anerer Säit hu Filiéristen si an Empfang geholl a si an onbesate Gebidder geleet.Nom Krich war geplangt en internationale Gedenkwee fir Passeuren a Filiéristen unzeleeën, mee dee Projet ass am Sand verlaf. Ee Gedenksteen, deen hätt sollen Deel vun dësem Wee sinn, ass dunn den 28. Mee 1961 ënner der Schiermherrschaft vum deemolegen Ierfgroussherzog Jean op der Intersectioun vun der Kierchstrooss an der Korstrooss opgeriicht ginn. Säit 1966 steet déi eenzeg “Borne du Passeur” op Lëtzebuerger Buedem riets nieft der Péitenger Kierch.

Standuert: Péiteng, nieft der Kierch, Schoulstrooss
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit. De Wee läit riets vun der Wiss
Parking: P 3, P 4, P 5, P 6; Zuch: Gare vu Péiteng (10 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Gemeng oder Maartplaz


D’Monument aux Morts vu Péiteng

Och déi Péitenger Veräinsentente huet d’Initiative geholl, e Monument opzeriichte fir déi Péitenger Krichsaffer ze éieren. D’Gemeng huet ënnen am haitege Park Théophile Kirsch, vis-à-vis vun der Parkschoul, en Terrain zur Verfügung gestallt. De Rëmelenger Kënschtler Albert Hames huet d’Monument geschaf. Et weist e Mann, deen hallef läit an deen d’Bevëlkerung soll symboliséieren, déi ënner der Besatzung leit. De Schrëftzuch “La Ville de Pétange à ses morts” weist drop hin, dat d’Gemengepäpp zu där Zäit den Titel “Stad” fir Péiteng wollte kréien, deen hinnen awer verwiert gouf.Den15. November 1953 gouf d’Monument a Präsenz vum deemolegen Ierfgroussherzog Jean ageweit. 

Standuert: Péiteng, am ënneschten Deel vum Park Théophile Kirsch, vis-à-vis vun der Parkschoul, Kierchstrooss
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.
Parking: P 3, P 4, P 5; Zuch: Gare vu Péiteng (10 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Gemeng oder Maartplaz

D’Plack “ Ave Spes Nostra”

1945 hunn de Paschtouer Jean HOFFMANN an de Kaploun Jean-Pierre BELCHE beim Käerjenger Kënschtler Claus CITO eng Gedenkplack bestallt fir d’Krichsopfer vun der Péitenger Par ze éieren. Op Allerséilen, dem 2. November 1946 gouf si ageweit. Op engem Sockel befanne sech zwee gläich grouss gehae Steng. Op deem ieweschten ass e Flaachrelief mat der Muttergottes an dem Kand, déi hire Mantel iwwer eng Persoun ausbreet, déi virun hir knéit. Op der ënneschter Plack stoungen ursprünglech d’Nimm vun 39 Persounen, déi zu deem Zäitpunkt offiziell fir dout erkläert waren. Leider ass déi Lëscht mat de Jore méi grouss ginn an dofir ass den 21. Oktober 2011 eng nei Tafel op der Plack befestegt ginn. Elo liese mir 68 Nimm vu Membere vun der Péitenger Par, déi am 2. Weltkrich ëm d’Liewe koumen.

Standuert: Péiteng, an der Kierch, Kierchstrooss
Zougang: D’Kierch ass ëmmer 30 Minutte virun enger Mass op. Ausser där Zäit kann een am Viraus e Rendez-vous op dem “Service Culture et Communications” vun der Gemeng ausmaachen. (Tel: 50 12 51–1000)  Persoune mat ageschränkter Mobilitéit hunn Zougank iwwer de Wee  riets vun der Borne du Passeur.
Parking: P 3, P 4, P 5, P 6; Zuch: Gare vu Péiteng (10 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Gemeng oder Maartplaz


D’Monument zu Éiere vun de sowjeteschen Zwangsaarbechter

Wärend der Besatzungszäit hunn zu Péiteng eng Rei sowjetesch Zwangsaarbechter gelieft, déi a verschiddene Caféen ënnerbruecht waren. Zwee vun hinnen si kuerz virun der Befreiung gestuerwen.De Vassili ZILENKO aus der Ukrain ass op der Lëtzebuergerstrooss vum Tram iwwerrannt ginn. Hie war um Heemwee vu senger Aarbecht op der Stater Gare. Deen Dag war dës Gare schwéier bombardéiert ginn mee d’Zwangsaarbechter hunn net däerfen an d’Schutzbunkere goen., wat vläicht den Accident erkläert.De Jakov STOLBIROW aus Wäissrussland ass bei engem Brand an de Péitenger Atelieren sou schwéier blesséiert ginn, datt hien e puer Deeg méi spéit gestuerwen ass.Zënter dem 15. Oktober 1984 steet, op Initiativ vun der Kathoulescher Männeraktioun, e Gedenksteen mat hiren Nimm op dem Péitenger Kierfecht.

Standuert: Péiteng, Kierfecht, Nidderkuererstrooss, Agank: lénks Paart, riichtaus
Zougang: 24/24 accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.
Parking: P 8, P 9; Zuch: Gare vu Péiteng (5 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Kierfecht

D’Kapell vun de Scouten

Wärend der Besatzung waren alleguer d’Scoutsgruppen opgeléist ginn. Wéi si nom Krich erëm ugefaangen hunn sech ze treffen, koum bei de kathouleschen “Scouts Ste Marie” d’Iddi op, fir um Prënzebierg, no bei hirem Chalet, eng Kapell fir déijéineg Scouten, déi am Krich gestuerwe waren, opzeriichten. De Käerjenger Kënschtler Claus CITO huet eng Muttergottesstatu gestëft fir an d’Kapell, déi de 17. Juli 1949 ageweit gouf. Dës original Statu gouf allerdéngs geklaut an duerch eng Muttergottes vu Fatima ersat, déi e portugisesche Matbierger gestëft huet.Zënter 2022 steet nieft der Kapell eng Tafel mat den Nimm vu 7 Scouten, déi am 2. Weltkrich ëmkoumen ( 1 am KZ a 7 Zwangsrekrutéierter).
Standuert: Péiteng, am Bësch iwwer dem Kierfecht, Nidderkuererstrooss, dann Rue Bellevue erop bis bei de Scoutchalet, dann no lénks 5 Minutte virun.
Zougang: 24/24, schwiereg fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, wéinst der géier Steigung.
Parking: P 8, P 9; Zuch: Gare vu Péiteng (20 Minutten zu Fouss) ; Bus: Haltestell Kierfecht (20 Minutten zu Fouss)


D’Monument zu Éiere vun den Eisebunner

D’Ateliere vun der fréierer “Prinz-Heinrich-Bahn” waren een Zentrum vun der Resistenz géint d’Naziherrschaft. Ëmmer erëm koum et zu Verhaftungen well Mataarbechter patriotesch Spéngelen an Unhänger fabrizéiert hunn, well si en Hitler-Bild zerstéiert hunn, well si Sabotage-Aktiounen ënnerholl hunn oder sech geweigert hunn, fir sech an d’”Volkstumskartei” androen ze loossen. 17 Eisebunner hunn de Krich net iwwerlieft.Nom Krich hunn déi Iwwerliewend drop gehalen, hire Märtyrerkomeroden en Denkmal ze setzen. D’Plaz dofir ass fonnt ginn am Aganksberäich vun der Péitenger Gare an et gouf duerch eng Spendenaktioun finanzéiert. Dat imposant Monument gouf vum Aloyse WEINS geschaf, engem fréiere Mataarbechter vum Claus CITO.D’Denkmal ass de 7. Mäerz 1954 ageweit ginn a Präsenz vum Generaldirekter vun der Eisebunn, dem J.-P. MUSQUAR, dee schonn 1953 de Parrainage iwwerholl hat.

Standuert: Péiteng, an der Gare.
Zougang: zu den Zäiten, wou Persounenzich fueren,  accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, .
Parking: P 7; Zuch: Gare vu Péiteng ; Bus: Haltestell Kierfecht

D’Monumenter vun de Fussballsveräiner

1940, wéi de Krich ugefaangen huet, hat eis Gemeng 3 Fussballsveräiner 

1)Den FC Racing Rodange huet de 15. August 1947 senge Verstuerwenen aus de Joren 1940-46 en Denkmal um Bord vun hirem Terrain an der Rue de la Minière gesat, wou et och haut nach steet. Et gouf geschaf vum Léon ZWANK vu Rodange an huet d’Form vum Lëtzebuerger Land

2)De Club Sportif vu Péiteng huet de 14. Mee 1950 senge gefalene Memberen en Denkmal bei hirem Terrain opgeriicht. Wéi d’Collectrice gebaut gouf, huet den Terrain missen deplacéiert ginn a mat him d’Monument, dat de 6. Juni 2023 nieft dem neien Terrain ageweit gouf.

3)Den FC Chiers Rodange huet den 13. August 1950 eng offiziell Gedenkfeier fir d’Krichsaffer vum FC Chiers Rodange organiséiert. Bei där Geleeënheet hu si eng Plack un der Zuschauertribün festgemaach. Wéi den Terrain 2024 nei amenagéiert gouf, koum d’Plack op hir aktuell Plaz.


Ad 1)Standuert:
Rodange, nieft dem Fussballsterrain, rue de la Minière
Zougang: op Rendez-vous am Viraus mat dem “Service Culture et Communications” vun der Gemeng  (Tel: 50 12 51–1000),  accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 12; Bus: Haltestell Maison des Jeunes 

Ad 2)Standuert:
Rolleng, nieft dem Fussballsterrain, rue du Stade, no beim Rond-Point Lamadelaine an der avenue de l’Europe
Zougang: 24/24, accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 10; Zuch: Gare Lamadelaine  Bus: Haltestell Porte Lamadelaine 

Ad 3)Standuert:
Rodange, nieft dem Fussballsterrain, rue Jos. Moscardo
Zougang: op Rendez-vous am Viraus mat dem “Service Culture et Communications” vun der Gemeng  (Tel: 50 12 51–1000),  accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Parking: P 14; Zuch: Gare Rodange (20 Minutten zu Fouss Bus: Haltestell Jos. Moscardo